En Erzielkonzert mat Schiettheater, fir Kanner vun 4 bis 8 Joer an all déi, déi sech gären verzauberen loossen.
Mat der Musek vum Francis Poulenc a mam weltbekannten Text vum Jean de Brunhoff.
17 September 2021
BABAR, DE KLENGEN ELEFANT ass en Erzielconcert mam Schiettheater an der Musek vum Francis Poulenc op e Text vum Jean de Brunhoff. Nodeems seng Mamm erschoss gëtt, lant de Babar an der Stad, wou eng al Fra sech ëm hien këmmert. Hien entdeckt d’Mënschewelt – vu Kuch iessen bis Auto fueren – ier hien zeréck an den Urwald geet. D’Verbindung vu Schieter an dem Poulenc senger Musek (1945) bréngt d’Zäertlechkeet an d’Poesie vun dëser origineller Geschicht eisem Publikum no bei. Méi wéi 80 Joer no senger éischter Publikatioun verzauert Babar nach ëmmer Kleng a Grouss.
Mam:
Dan Tanson, Erzieler, Performance, Konzeptioun, Schieter.